Och zu Lëtzebuerg fueren ëmmer méi Leit Vëlo. D’Infrastrukture ginn deem Trend awer net gerecht. Firwat deet sech d’Politik do esou schwéier? Wou ginn et gutt Usätz? A wou gëtt et nach vill Loft no uewen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„D’Diagnos ass kloer: Ouni méi Mobilité douce a virun allem méi Vëlo wäert iergendwann de Verkéierskollaps kommen. An dat ass einfach de Paradox: Et weess een, wat geschitt, mee et handelt een net no deem Wëssen.“ Dat seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“. De Journalist vu Reporter.lu bezitt sech domat op d’Vëlospolitik zu Lëtzebuerg, wou zwar ëmmer nees Etude géinge gemaach ginn, fir d’Problemer festzestellen a Léisungen auszeschaffen. Konkret ëmgesat gi géing awer wéineg.
Fir de Laurent Schmit feelt et do um wierkleche politesche Wëllen. Et ass e Constat, deen och de Pol Reuter ënnersträicht: „Et gi vill Iddien a Konzepter. D’Fro ass eben, wéi een déi a Musek ëmsetzt. An doru scheitert et momentan nach am meeschten.“ Fir béid Journaliste brauch et do nach e Mentalitéitswiessel – an der Politik, mee och bei den Autosfuerer. Do géing et nach vill Konfliktpotential ginn, wéi och déi rezent Diskussioun ëm en neit Verkéiersschëld géing weisen. Letztendlech wier et awer eng Fro vun der Sécherheet am Stroosseverkéier, betoune souwuel de Laurent Schmit wéi och de Pol Reuter.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu



