Lëtzebuerg kritt eng nei Strategie fir seng humanitär Hëllef, a well sech doduerch un d’Realitéit vun den Dauerkrisen an der Welt upassen. Firwat déi Approche am ONG-Beräich net onëmstridden ass: Doriwwer geet et an der neier Episod vu Reporter „On the Record“.
Lëtzebuerg investéiert all Joer 1% vu senger Wirtschaftsleeschtung an d’humanitär Hëllef fir bei Naturkatastrophen oder internationale Konflikter déi betraffen Lokalpopulatioun ze hëllefen. D’läscht Woch huet den Kooperatiounsminister Franz Fayot der Regierung hir nei Strategie fir humanitär Asätz presentéiert.
D’Approche nennt sech „Humanitarian-Development-Peace-Nexus“ a sicht eng méi enk Verflechtung tëscht humanitärer Hëllef, Entwécklungsaarbecht a Friddensmissioun. Doduerch kéinte sämtlech Acteuren an engem Krisegebitt méi koherent op ëmmer méi komplex Krisen- a Konfliktsituatiounen reagéieren.
Iwwert de Notzen vum „Triple-Nexus“ gëtt international kontrovers debattéiert, an och verschidde Lëtzebuerger ONG’en kritiséieren des nei Orientéierung déi d’Regierung der humanitärer Hëllef gin huet. Si fäerten datt hier Neutralitéit – ee Kär-Prinzip vun der Humanitärer Hëllef – a Gefor geroden kéint. D’Approche riskéiert eng Vermëschung vun humanitären an Friddens/Securitéits-Objektiver, esou d’Kritik.
D’Bezéiung tëscht dem Lëtzebuerger ONGs-Secteur an dem Kooperatiounsministère kéint sech doduercher verschlechteren, wei de Journalist Luc Caregari vu Reporter.lu am Gespréich mam Isabel Scott erzielt.
„On the Record“ ass den Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema
