Den US-Präsident Donald Trump dreift d’Verhandlungen ëm ee Fridden an der Ukrain virun. Mee huet déi Initiativ wierklech Aussiicht op Erfolleg? An wéi eng Hindernisser gëtt et an de Gespréicher? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Wafferou, jo oder nee? „Land swapping“ oder schlicht d’Opgi vu Regiounen? Sécherheetsgarantien a wa jo, wéi kéinten déi ausgesinn? Et ginn aktuell vill ongekläerte Froe bei de Gespréicher ëm e Fridden an der Ukrain. A en ass net kloer, op den US-Präsident sech der Komplexitéit vun der Saach wierklech bewosst ass. „Den Donald Trump schwätzt zwar vu Fortschrëtter a vun engem méiglechen Deal, mee am Fong gëtt et nach guer näischt Konkretes“, seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“. „Et bleift bis elo virun allem eng Show“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu.

Datt iwwerhaapt Gespréicher stattfannen, ass fir de Christoph Bumb awer zumindest keng schlecht Nouvelle. Datt um Enn eng Léisung vum Konflikt steet, do ass de Journalist awer skeptesch. „Russland huet de facto keen Interêt un engem Waffestëllstand an och net un engem Fridden. De Wladimir Putin erkennt d’Existenz an d’Souveränitéit vun der Ukrain net un, hie wëll se ënnerwerfen oder op mannst kontrolléieren. Dat muss een sech ëmmer an Erënnerung ruffen“, sou de Christoph Bumb. Well dat wier „dat, wat letzlech engem Deal am Wee steet a wat déi Verhandlungen esou schwiereg mécht“.

Hie gesäit aktuell awer och keng realpolitesch Alternativ, sech op sou Verhandlungen anzeloossen. D’Alternativ wier jo, datt dee Krich ëmmer weidergeet, an zwar rezent an eng Richtung, déi net ganz positiv fir d’Ukrain ass. „Europa an d’Ukrain hu selwer keen Interêt, datt de Krich weidergeet“, betount de Christoph Bumb. Mee an esou Gespréicher misst ee „mat enger adequater Portioun Realismus goen“. „Well déi politesch a militäresch Realitéit um Terrain deit net drop hin, datt den Ausgang vun esou Verhandlungen dat ass, wat sech Europäer am léifste virstellen“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema