D‘Regierung huet elo déi laang erwaarte Steierreform virgeluecht. Wat ass vun där Reform ze halen? Wat vun den anere Mesuren, déi annoncéiert goufen? A wéi soll dat alles finanzéiert ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Wat mech stéiert, ass dat ee bei dëser Steierreform op kengem Punkt probéiert huet, d’Käschte wéinstens e bëssen a Grenzen ze halen“, seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“. Domat widderhëlt de Journalist vu Reporter.lu dat, wat hie schonn a sengem Kommentar „Unter dem Deckmantel des ‚Mateneen’“ zum Ausdrock bruet hat. Do hat hie virun allem kritiséiert, datt d’Regierung der gudder aler Lëtzebuerger Traditioun vun enger Politik mat der Strenz trei bleift. „Déi heite Reform wier och méiglech gewiescht, andeems Leit mat méi héije Revenuen net entlaascht oder vläicht souguer méi belaascht gi wieren, einfach aus enger Approche vu sozialer Gerechtegkeet“, sou de Laurent Schmit.
Och de Pol Reuter stéiert sech un dëser feelender Approche a setzt dat awer och a Relatioun mat dem groussen Zousproch, deen dës Reform kritt: „Et ass jo och einfach eng Reform esou ze maache wann ee keng budgetär Restriktioune setzt“, seet de Journalist vu Reporter.lu. Datt d’Reform op vill positiv Resonanz stéisst, géing awer och um Finanzminister leien: „Et kéint ee soen, de Gilles Roth ass den Anti-Luc-Frieden, well hien anescht wéi dee bei dëser Reform vun Ufank u probéiert, jidderee mat an d’Boot ze huelen“, sou de Pol Reuter.
Déi zwee Journalisten diskutéieren an dëser Episod awer och doriwwer, op dës Steierreform tatsächlech eng Gesellschaftsreform ass, esou wéi de Gilles Roth dat betount huet, op de System elo wierklech méi gerecht gëtt, an op déi Ausgaben, déi elo hei gemaach ginn, net an aner Beräicher besser gewiescht wieren, fir aner oder méi strukturell Problemer ze behiewen. An deem Kontext ginn si och op all déi aner Mesuren an, déi d’Regierung elo virgestallt huet, an déi virun allem de Kanner ze gutt komme sollen.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Lauschtert Dir reegelméisseg eise Podcast? Wëllt Dir eng Kéier live dobäi sinn, wann eis Journalisten eng Episod vun „On the Record“ ophuelen an dono och mat diskutéieren? Dann mellt Iech elo nach un an erlieft eisen éischte Live-Podcast-Event!
Hei geet et zur Umeldung: https://reporter-live-podcast-26.eventbrite.de/
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu






