De Luc Frieden wollt se laang net, elo kënnt se dach: eng Tripartite. Wéi koum et zu dëser Decisioun? An wéi vill politeschen a finanzielle Spillraum bleift nach fir d’Verhandlunge mat de Sozialpartner? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Laang huet de Premier gezéckt, mee elo wëll hien awer eng Tripartite aberuffen. „Hien hat och einfach keen anere Choix, nodeems d’DP oppen hir Bereetschaft dofir signaléiert hat, seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“. An do géing et och intern Kritik ginn. „Well net nëmme goufen et och Stëmmen an der CSV, déi sech fir eng Tripartite ausgeschwat hunn. De Luc Frieden gouf och gewarnt, datt d’DP esou eng Aktioun géing maachen. Well wann d’DP eppes kann, dann ass et, de Koalitiounspartner virféieren“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Zesumme mam Pit Scholtes schwätzt de Pol Reuter an dëser Episod awer och iwwer déi aktuell schwiereg Situatioun duerch de Krich am Iran, iwwer d’Sujeten, déi bei dëser Tripartite missten diskutéiert ginn, an doriwwer, mat wéi enge Positiounen déi eenzel Acteuren an dës Dräierronn ginn. „Do mussen och mol Partikularinteressen ausgeklammert ginn a vläicht méi un d’Wuel vum Land geduecht ginn“, seet de Pit Scholtes. Fir hien ass awer och kloer: „Dës Tripartite wäert net all Problemer léisen. Lëtzebuerg befënnt sech an enger Polykris a mir hunn e strukturelle Probleem, datt eise Modell net méi opgeet.“

Fir béid Journalisten ass awer och kloer: Och dës Tripartite wäert virun allem de Staat eppes kaschten. An dat bei enger elo schonn héijer Verscholdung. An do weist sech de Pol Reuter dach dann awer erstaunt iwwer déi „lässeg“ Haltung vum Premier Luc Frieden zur soss quasi „helleger“ Scholdegrenz vun 30 Prozent vum PIB. „Wa weider Scholde kënne gemaach ginn, dann ass et och egal, dann ass och Sputt do fir Mesuren aus enger Tripartite“, seet de Pol Reuter. Oder wéi de Pit Scholtes et ausdréckt: „Do si mir zu Lëtzebuerg e bëssen an enger neier Normalitéit ukomm, wat Scholde betrëfft.“

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema