D’Affär ëm presuméierte Bedruch an der Immigratioun wërft vill Froen op. Wat ass gewosst? Wéi glafwierdeg sinn d’Aussoe vun den zoustännege Ministeren? A wéi ass et mat der politescher Responsabilitéit? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Wat och fir mech iwwerraschend war, ass déi Envergure vun der Affär an déi Systematik dohannert“, seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“. „Dat ass schonn eppes, wat et an där Form zu Lëtzebuerg nach net gouf, also souwäit dat publik ginn ass, an zu esou enger massiver Enquête gefouert huet, wéi mir elo wëssen“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu. Hien bezitt sech do eben op d’Affär ëm mutmassleche Bedruch am Beräich Immigratioun, wou d’Justiz säit Mëtt 2023 enquêtéiert, wéi awer elo réischt Ufank Juli bekannt gouf. Recherchë vu Reporter.lu hunn dunn d’Ausmooss vun där Enquête an de Modus operandi vun engem Netzwierk ëm dräi Haaptbeschëllegt opgewisen.

De Christoph Bumb geet dann och drop an, wat duerch dës Recherchë mëttlerweil gewosst ass a wéi eng Froen nach oppe sinn. Hie vergläicht dëse Fall och mat änlechen Affären aus der Vergaangenheet an erkläert d’Prozedure fir d’Titres de séjour, déi hei an dëser Affär mutmasslech mëssbraucht goufen.

Am Podcast geet et och ëm d’Fro vun der Responsabilitéit, an domat och ëm de manifeste politeschen Opklärungsbedarf. D’Faite gi jo op d’Joren zréck, wou den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) fir d’Immigratioun zoustänneg war. Déi lescht Ermëttlungen a Perquisitiounen hunn awer an der Zäit stattfonnt, wou schonn den Inneminister Léon Gloden (CSV) responsabel war.

De Léon Gloden seet, hie wär réischt am Abrëll 2025 vun dëser Enquête gewuer ginn. An der Envergure wär hien sech réischt bei de rezente Perquisitioune bewosst ginn. De Jean Asselborn sengersäits kann sech eegenen Aussoen no net méi erënneren, op hien iwwert dëse Fall a senger Verwaltung informéiert gouf. Op d’Aussoe vu béide Politiker bléckt de Christoph Bumb ganz kritesch an beurteelt, wat politesch Responsabilitéit an där heiter Affär bedeit.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema