D’Regierung seet, si hätt keng Beweiser, datt Mëtt September wierklech Drone gesi goufen. Wéi ass dat ze beurteelen? A wou muss elo nogebessert ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Wéi Mëtt September onbekannt Fluchobjekter iwwer Lëtzebuerg gemellt goufen, war d’Opreegung grouss. Séier huet alles op Virfäll mat Dronen higedeit, wéi een se och aus dem Ausland kennt. Och d’Regierung huet dee Lien gemaach. Zwee Méint méi spéit awer seet si, et géinge keng technesch Beweiser ginn, datt et wierklech Drone waren. „Dat weist, datt dee Moment warscheinlech nach net esou vill Ekipement en place war, wéi een et wëll duerstellen“, seet dozou de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“. „Wat stëmmt, dass datt esou Virfäll effektiv technesch schwiereg nozeweise sinn. Dat gouf an der Vergaangenheet och sou am Ausland confirméiert“, sou de Journalist vu Reporter.lu.
„Wat mech awer stéiert, ass, datt mer elo bestätegt kruten, datt d’Regierung verschidden Detailer bewosst verschweigt“, erkläert de Laurent Schmit. Hien bezitt sech do op Fluchdaten, déi weisen, datt de Police-Helikopter deen Dag, wou Dronen am Raum Miedernach gemellt goufen, laang an där Géigend am Asaz war. Dat awer och éischter iwwer Dikrech resp. dem Härebierg. „Firwat seet een dat dann net einfach?“, freet sech de Laurent Schmit a seet: „Si eeëre ronderëm, villes gëtt geheim gehalen, wat jo och bequeem ass, well een da ka verstoppen, datt een an dësem Beräich villes verschlof huet.“
Och de Jean-Michel Hennebert bléckt kritesch op d’Kommunikatioun vun der Regierung. „C’est une communication minimaliste. Et c’est une stratégie, qui ne fonctionne pas, parce que ça donne l’impression d’une hésitation.“ An dat gëllt fir de Journalist vu Reporter.lu net nëmmen, wat d’Virfäll vu Mëtt September ugeet, mee och dofir, wéi een sech elo fir d’Zukunft a puncto Dronen-Detektioun an Ofwier besser wëll opstellen. „La seule chose cohérente que je vois, c’est le maintien d’une sorte d’omerta, sur le coup de la sécurité nationale. Et ce n’est jamais bon pour une démocratie“, fënnt de Jean-Michel Hennebert.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


