Gläich dräi Ministeren hu sech dës Woch an der Chamber zum Dossier Sportsmusée erkläert. Wat ass dovun zréckzebehalen? Wat steet am Avis juridique zum Projet? A wéi geet et elo weider? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Huet de Georges Mischo am Dossier Sportsmusée géint d’Gesetz verstouss? D’Äntwert ass ganz kloer jo, wéi aus dem entspriechenden Avis juridique ervirgeet, iwwer dee Reporter.lu dës Woch exklusiv bericht huet. Kruziale Punkt ass do ee Protocole d’accord, deen den deemolege Sportsminister am Juli 2024 mam Promoteur IKO ënnerschriwwen hat an dee laut dem Avis e Verstouss géingt d’Reegele vun de Marchés publics duerstellt. „Zu kengem Zäitpunkt huet een sech beim Sportsministère d’Fro gestallt, op esou e Protokoll normal ass, an ech ka bis haut net verstoen, wéi dat konnt passéieren“, seet dozou am Podcast „On the Record“ de Pol Reuter, deen am Dezember 2025 eng éischte Kéier iwwer dee problematesche Protokoll bericht hat.
De Journalist vu Reporter.lu kann dann och d’Erklärungen net novollzéien, déi e Vertrieder vum Sportsministère dozou an der Chamberkommissioun ginn huet an deen do sot, de Protokoll wier aus Onwëssenheet net als dat erkannt ginn, wat et war, a wat dat fir Konsequenze kéint hunn. „Dat muss een sech awer mol op der Zong zergoe loossen. Hei seet en héije Beamten aus engem Ministère, dass een aus Onwëssenheet d’Gesetz gebrach huet, an enger Matière, déi an all Ministère misst bekannt sinn, also Marchés publics. Dat kann u sech net sinn.“
De Pol Reuter geet an dëser Episod awer och op déi vill Froen an, déi sech an dëser Affär nach ëmmer stellen: Wien wosst zu wéi engem Zäitpunkt Bescheed? Firwat huet de Sportsministère déi aner Ministère net iwwer de Protokoll informéiert? Wien koum wéini op d’Iddi, de Musée am Kader vun engem Kongresszentrum ze realiséieren? Wollt een esou eng ëffentlech Ausschreiwung ëmgoen? Wat fir Konsequenze kéinten et nach fir de Staat a fir de Georges Mischo perséinlech ginn? A wat gëtt dann elo aus dem Projet Sportsmusée?
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu






