Sechs Ex-Gendaarme stounge lo wéinst hiren Aussoen am Bommeleeër-Prozess 2013/2014 viru Gericht. Wat ass zréckzebehalen vun dësem neie Prozess? A wéi geet et weider mat der ganzer Affär? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Dat war schonn ee vun deene méi spezielle Prozesser, déi ech bis elo suivéiert hunn. An dat hat schonn eng historesch Konnotatioun“, seet de Maximilian Richard am Podcast „On the Record“. „Ëmmerhi war dat de Nieweprozess vun der Bommeleeër-Affär, déi d’Justiz säit 40 Joer beschäftegt“, sou de Journalist, deen dee rezente Prozess géingt sechs fréier Gendaarme fir Reporter.lu suivéiert huet. „Et hat awer eppes vun engem Konveniat, well déi Leit sech all säit Joerzéngte kennen an sech elo do all viru Geriicht erëmgesinn hunn.“

All sechs Ugekloten hunn sech misste wéinst Aussoe viru Gericht veräntweren, déi si am éischte Bommeleeër-Prozess 2013/2014 gemaach haten. De Parquet reprochéiert hinnen, deemools bewosst Falschaussoe gemaach ze hunn, fir ze verheemlechen, dat si méi iwwer d’Affär wëssen, wéi si zouginn. Doraus ergëtt sech dann déi kruzial Fro, wat si zur Zäit vun de ronn 20 Attentater an de Joren 1984 bis 1986 wossten a wat si ënnerholl hunn, fir d’Affär opzeklären – oder eben ënnerlooss hunn, fir datt et net dozou koum.

„Et hat een dann och eng gewëss, vläicht naiv, Erwaardungshaltung un dee Prozess hei. Déi war awer schnell fort“, seet de Maximilian Richard. „Et war séier kloer, datt een net gewuer géing ginn, ween d’Bommeleeër sinn.“ Däitlech gi wier dofir nach eemol, wéi schlecht zur Zäit vun de Attentater enquêtéiert gouf: „Keng Rapporte, keng Enquête op potenziell Täter a kee Suivi vun der Insiderspuer, déi jo awer zu engem gewëssen Zäitpunkt evident war“, sou de Maximilian Richard. Fir de Journalist vu Reporter.lu kéinten dann och sou munch Aussoe vun de Beschëllegten zu enger Verurteelung an deem heite Prozess féieren.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Verschenkt ee Reporter-Abo!


Méi zum Thema