D’Cyberattack géingt d’Post hat wäitreechend Konsequenzen. Wat seet dëse Virfall iwwer d’Resilienz vu Lëtzebuerg aus? Wat ass vum Krisemanagement ze halen? A wéi eng Conclusioune mussen elo gezu ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Dat doten, dat war esou e Virgeschmaach op dat, wat ka passéieren. An mir haten nach Chance, datt e just fir kuerz Zäit esou en Ausfall gouf.“ Dat seet de Pol Reuter a bezitt sech domat op déi rezente Cyberattack géingt Post, duerch déi ronn 4 Stonne laang d’Reseaue fir d’Telekommunikatioun net fonctionéiert hunn. „Wann een am Noutfall net un d’Rettungsdéngschter oder d’Police kënnt, dann huet dat natierlech gewisen, wéi fragil d’Sécherheetsnetz ass a wéi ofhängeg mir vun digitale Kommunikatiounsweeër sinn“, seet sengersäits de Pit Scholtes, deen awer och eng Lanz fir d’Post brécht: „Ech muss awer och éierlech soen, datt ech iwwerrascht war, wéi séier si nees de System um Lafen hat.“

D’Journaliste vu Reporter.lu beschwätzen an dëser Episod vum Podcast „On the Record“ dee Virfall bei der Post a sichen Äntwerten op eng ganz Réi vu Froen, déi sech am deem Kontext stellen: Wat ass bis elo gewosst iwwert déi Cyberattack? Wat war genee uviséiert? Wien kéint dohannert stiechen? Wat ass vun der Krisekommunikatioun vu Post a Regierung ze halen? A wat sinn d’Lektiounen, déi aus deem Ganze musse gezu ginn – och en Vue vun der sougenannter Resilienz, déi vun der Politik an dësen Zäiten sou oft an d’Feld gefouert gëtt.

„Hei geet et ëm déi national Sécherheet an do hätt ech et wichteg fonnt, wann d’Regierung a Post eng gemeinsam Pressekonferenz ofgehalen hätten. Esou huet een awer zum Deel elo dat Spill, datt d’Responsabilitéit hin an hir gedréckt gëtt“, fënnt de Pol Reuter. An och de Pit Scholtes seet: „Dat heite weist nees déi typescht Schwächt vum Lëtzebuerger Modell, wou mer sou quasi staatlech Entitéiten hunn, déi sech dann awer wéi eng privat Entreprise geréieren a maachen, wéi wann de Staat näischt bei hinnen ze sichen hätt.“

Fir de Pit Scholtes stellt do och ganz einfach d’Fro: „Wéi wäit mussen Acteure wéi d’Post, d’Creos oder och Enovos vum Staat an d’Pflicht geholl ginn? Dat misst elo hei d’Konsequenz vun där heiten Attack sinn, datt de Staat seet: Mir schwätzen hei e Wuert mat“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema