D’Caritas-Affär huet d’Aktualitéit vun de leschte Méint bestëmmt. Wou ass d’Enquête drun? Wat si Spekulatiounen, wat ass tatsächlech gewosst? A wéi eng Roll spille Journaliste beim Opschaffe vum Skandal? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Cette fraude est une conjonction de plusieurs facteurs. C’est pour ça qu’on peut la comparer à un crash d’avion: Ce qui ne peut pas arriver se produit quand même, en accumulation de fautes et négligences humaines.“ Sou beschreift d’Véronique Poujol am Podcast „On the Record“ den Oflaf vum Caritas-Skandal, bei dem déi Lëtzebuerger Fondatioun bekanntlech ëm iwwer 60 Milliounen Euro bedru gouf.
D’Véronique Poujol huet fir Reporter.lu mat enger Rei vun exklusive Recherche selwer zu engem méi transparenten Opschaffe vun der ganzer Affär bäigedroen. Am Gespréich mam Laurence Bervard, Grënnerin an „Managing Editor“ vu Reporter.lu, schwätzt si en Detail iwwer hir investigativ Recherchen. Dobäi kuckt si zum Beispill bei der Roll vun der Finanzdirektesch, bei der Responsabilitéit vun de Banken oder och bei de Fortschrëtter vun de juristeschen an administrativen Enquêten ëmmer rëm hannert Kulisse vun dëser Affär, déi och fir Insider nach ëmmer schwéier begräifbar wier.
Als Journalistin ass d’Véronique Poujol iwwerzeegt, datt d’Ëffentlechkeet e Recht drop huet, méi Detailer iwwer d’Opschaffe vun dësem massive Skandal ze kennen. Schonn eleng, well et sech bei de verontreite Milliounen och em Steiersuen handelt. Domat wär och d’Allgemengheet een Affer vun der Affär, sou d’Véronique Poujol. „Malheureusement le public ne sait pas grand-chose de cette enquête. Et même les journalistes ont très peu d’accès, et quand ils ont accès on voit très bien que les autorités ne sont pas très amusées par le fait qu’on révèle un certain nombre d’informations. Mais cela relève de notre devoir de journalistes.“
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu




