D’Caritas Lëtzebuerg gëtt duerch eng nei Organisatioun ersat, international Projete ginn agestallt. Wéi eng Roll spillt dobäi d’Regierung, notamment de Premier an de Kooperatiounsminister? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„Natierlech ass de Staat net dofir responsabel, datt bei der Caritas 61 Millioune verschwonne sinn. Mee et hätt een sech awer méi Volontarismus kënnen erwaarden, fir déi Projeten ze retten.“ Dat seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“ a bezitt sech do op déi international Aktivitéite vun der Organisatioun. Do géing sech dann och d’Fro stellen, ob Lëtzebuerg ouni esou e groussen Acteur d’Zil vum engem Prozent vum Revenu national brut an der Entwécklungshëllef nach erreeche kann. „Et kann een dovun ausgoen, datt de Xavier Bettel als Kooperatiounsminister nach länger mat dem Dossier wäert beschäftegt sinn. Hien schéngt dat awer nach net realiséiert ze hunn“, sou de Journalist vu Reporter.lu.
Och de Luc Caregari bléckt kritesch op der Regierung hir Handhabung vun der Caritas-Affär. „De Luc Frieden seet zwar ëmmer, de Caritas ass net de Staat, mee déi nei Organisatioun HUT ass awer zimmlech de Staat“, fënnt de Journalist vu Reporter.lu. Hei kéint ee scho soen, datt de Premier „d’Lénkskatholiken einfach ewech gedréckt“ hätt a vläicht do och vun der „Gunst der Stunde“ profitéiert hätt, fir kritesch Stëmmen einfach lass ze ginn.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu



