D’Steieren um Tubak sinn zu engem Milliarde-Business fir de Staat ginn – viru Banken an Tanktourismus. Wëll d’Regierung déi Ofhängegkeet reduzéieren? A wéi passt dat bei eng responsabel Gesondheetspolitik? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Als „carrément verréckt“ huet den haitege Finanzminister Gilles Roth (CSV) d’Explosioun u Recetten aus dem Verkaf vun Zigaretten an Tubak schonns 2022 genannt. Entretemps rechent hien am Budget fir 2026 mat 1,9 Milliarden Euro. Op déi wëll hien haut net verzichten, well dat ass méi wéi d’Haaptsteier op de Fongen a méi wéi Banken a Bréifkëschtefirmen u Betribssteier bezuelen.

D’Ausmooss vum Phänomen ass enorm. Iwwer fënnef Milliarden Zigarette ginn dëst Joer zu Lëtzebuerg verkaf. „Dat si méi wéi e Pak pro Awunner pro Dag“, rechent de Pit Scholtes am Podcast „On the Record“ vir. „Am politeschen Discours fält d’Wuert vum Tubakstourismus, mee dat ass een Euphemismus“, betount de Journalist vu Reporter.lu. An der Praxis géif de Verkaf awer am grousse Stil lafen. A Frankräich géif d’Police dacks Camionnette voll geluede mat Lëtzebuerger Zigarette stoppen. „An dat ass hei am Land de facto net illegal“, erkläert de Pit Scholtes.

Déi Politik geréit ëmmer méi an de Widdersproch mat der EU-Politik an der nationaler Gesondheetspreventioun„Aner Länner gesinn d’Accisen als een Outil an der Gesondheetspolitik a mir gesinn et als Moyen de Budget ze sanéieren“, seet de Pit Scholtes. D’Regierung géif bewosst d’Accisen ënnert dem Niveau vun den Nopeschlänner halen, erkläert säi Redaktiounskolleeg Laurent Schmit.

D’Konsequenze bléiwen net aus: Mat 28 Prozent vun der Bevëlkerung fëmmen zu Lëtzebuerg vill méi Leit wéi am EU-Duerchschnëtt. Den Tubakskonsum ass eng vun den heefegsten Doudesursaachen hei am Land. Dat seet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez (CSV), ouni doraus awer Konsequenzen ze zéien. „Den Tanktourismus ass klimaschiedlech an huet zur Loftverschmotzung bäigedroen, mee keng Nisch ass sou schiedlech fir d’Lëtzebuerger Bevëlkerung ewéi den Tubak. Dofir ass et ëmsou méi onverantwortlech, datt een dat sou lafe léisst“, betount de Laurent Schmit.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.