D’Fro vu méiglechen Unisex-Toiletten an de Lycéeë beweegt d’Gemidder. Wéi ass d’Virgoe vun der DP hei ze beurteelen? Wéi d’Reaktioun vun der CSV? A wat seet dat iwwer den Zoustand vun der Koalitioun aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et ass fahrlässeg vun haaptsächlech den DP-Ministere Yuriko Backes a Claude Meisch, wéi si hei virgaange sinn. Si hunn do u sech de rouden Teppech ausgerullt fir d’ADR, andeems se esou mëssverständlech kommunizéiert hunn op engem Sujet, wou et u sech evident ass, dass déi dote Reaktioun wäert kommen“, seet de Pol Reuter am „Podcast „On the Record“ a mengt domat méiglech Unisex-Toiletten an de Lycéeën. Fir de Journalist vu Reporter.lu ass dat e klassesche Fall vu Feelcalcul vun der DP, wou e gemengt huet, dat heite misst een net mam Koalitiounspartner diskutéieren, woumat een dat Thema komplett ënnerschat hätt.

„Datt de Claude Meisch duerno esou duerstellt, datt d’ADR sech eppes erausgepickt hätt a falsch Saache verbreet hätt, ass zumindest speziell, well schonn an der Kommissioun huet ee gemierkt, datt dat doten dee Sujet ass, deen d’Deputéiert am meeschten interesséiert“, seet sengersäits de Laurent Schmit. „Wéi dann d’CSV dono kommunizéiert huet, huet da weider dozou bäigedroen, datt den Debat héichgekacht ass“, sou de Pol Reuter. „Vläicht war een awer einfach mol frou, datt no deene leschte Méint lo mol op DP-Ministere geklappt konnt ginn a net op déi vun der CSV.“

Dat Koalitioun lo, iwwerspëtzt formuléiert, un deem heite Sujet zerbrécht, dat mengt kee vu béide Journaliste. Awer: „Fir mech ass dës Affär schonn e Symptom, datt dës Koalitioun vill Probleemer huet, wéi si opgestallt ass“, seet de Laurent Schmit, deen hei och Reaktioune vu Luc Frieden a Xavier Bettel vermësst huet. „Ech mengen, dass och insgesamt einfach e bëssen d’Loft raus ass. Et gi jo och keng aktuell Projeten, déi iergendwéi groussen Enthusiasmus ervirbréngen, soss hätt ee jo och net doriwwer lo eng Woch kënne schwätzen, wann een e puer aner Initiativen hätt, déi d’Leit awer vläicht méi konkreet betreffe wéi Schoultoiletten“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Ee Sujet, iwwer deen aktuell och vill geschwat gëtt, ass d’Affär vum suspendéierte Chirurg Philippe Wilmes. An anescht wéi beim Sujet vun den Unisex-Toilettë wéist d’Politik do eng gewëss Geschlossenheet, an dat esouguer iwwert d’Koalitioun eraus. „Ech mengen, déi Rechnung vum Philippe Wilmes, fir dee Sujet ze politiséieren, ass net opgaangen. An der Kommissiounssëtzung, wou d’Affär elo Thema war, ass däitlech ginn, datt sech jidderee bewosst ass, dat een um Réck vu Patienten, déi méiglecherweis falsch behandelt goufen, elo keng Politik sollt maachen“, sou d’Analys vum Laurent Schmit.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.