CSV an DP hunn eng „aner“ Klimapolitik versprach. Mee wéi zilféierend ass déi? Wou steet Lëtzebuerg a puncto Energietransitioun? A wéi wëll d’Regierung op déi aktuell Präiskris reagéieren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
„D’Regierung huet einfach geschlof an elo wëll si vläicht eventuell awer eppes maachen“, seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“ a mengt domat d’Klima- an Energiepolitik vun CSV an DP. „An da vun enger grousser Ännerung ze schwätzen, dat ass wierklech absurd, well si maachen am Fong exakt dat Selwecht wéi Blo-Rout-Gréng. Et ass einfach, de Leit d’Sand an d’Ae gestreet, fir eppes Aneres ze behaapten“, sou de Journalist vu Reporter.lu.
An dëser Episod maachen de Laurent Schmit an de Pol Reuter de Point, wou Lëtzebuerg bei der Energietransitioun steet: Wou si mir drun en Vue vun de Ziler vum Klima- an Energieplang? Wéi leeft de Wiessel vu fossillen op erneierbar Energië mat Hëllef vu Wäermepompelen? Wéi ass d’Entwécklung vun der Photovoltaik? Wéi déi vun der Elektromobilitéit? Ginn et genuch Ureizer? Oder hëllefen déi vill individual Bäihëllefe guer net an et brauch gréisser Reformen?
„Et gesäit een, datt ee Gesamtkonzept feelt“, fënnt de Pol Reuter. „Et kann een zwar soen, et gëtt de Klimaplang, well do si jo eng Rëtsch Mesurë virgesinn. Mee doduerch, datt déi alleguerten esou häpperchersweis duerchgefouert ginn, huet een d’Gefill, wéi wann dat esou verschidden Zännrieder sinn, déi alleguerten am Leerlauf lafen an net matenee verbonne sinn“, sou de Pol Reuter.
Déi zwee Journaliste ginn dann och en Detail dorop an, wéi eng Mesuren d’Regierung bis lo getraff huet oder ugepasst huet a setzen dat an de Kontext vun der Tripartite, wou d’nächst Woch iwwer méiglech nei Moossnamen an der aktueller Energiekris opgrond vum Krich am Iran verhandelt gëtt.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.
Méi zum Thema
Reporter.lu
Reporter.lu
Reporter.lu





