D’Regierung wëll Cannabis « dekorrektionaliséieren ». Wat heescht dat? An ass domat déi eigentlech geplangt Legaliséierung vum Dësch? Am REPORTER-Podcast „On the Record“ versichen d’Isabel Scott an de Pol Reuter Kloerheet an den Dossier Cannabis ze bréngen.
Wann een de Koalitiounsaccord vu 2018 liest, ass d’Saach kloer: D’Regierung wëll Cannabis legaliséieren, mat allem wat dozou gehéiert. Produktioun, Verkaf a Konsum vu Cannabis sollte staatlech reguléiert a kontrolléiert ginn. Sou war op mannst de Plang …
Véier Joer méi spéit ass déi grouss ugekënnegt drogepolitesch Revolutioun vu Blo-Rout-Gréng net méi op der Agenda. Allerdéngs well d’Regierung elo mat enger « Dekorrektionaliséierung » op mannst en éischte Schrëtt zu enger méi liberaler Approche an der Cannabispolitik maachen.
Firwat de Revirement? Wéi sënnvoll ass dat elo geplangte Gesetz? An kéint et awer, op mannst no de Walen 2023, zu enger kompletter Legaliséierung kommen? Iwwer déi an aner Froen huet sech d’Isabel Scott mam REPORTER-Journalist Pol Reuter ënnerhalen, deen zu de politesche Hannergrënn vun der neier Approche an der Lëtzebuerger Drogepolitik recherchéiert huet.
„On the Record“ mam Isabel Scott ass den neie Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema
