D’Mëssstänn am « Syndicat Intercommunal de Gestion informatique » (SIGI), déi Reporter.lu rezent opgedeckt huet, hu séier Konsequenze kritt a sollen elo duerch 3 Auditten gekläert ginn. Am REPORTER-Podcast « On the Record » gëtt déi ganz SIGI-Saga opgeschafft.
De SIGI soll d’Gemenge bei der Digitaliséierung ënnerstëtzen, a krit dofir en e Joresbudget vu 24 Milliounen Euro. Mee wei d’Recherchë vum Journalist Pol Reuter vu Reporter.lu weisen, gëtt dat gréisste Gemengesyndikat am Land senger Missioun ëmmer manner gerecht.
Am Mëttelpunkt vun de Revelatioune stinn de SIGI-Direkter Carlo Gambucci an de laangjärege President Yves Wengler. Hier Féierung vum SIGI soll d’Ursaach sinn, firwat d’Gemengesyndikat vun Intransparenz, feelender Kontroll an engem schlechten Aarbechtsklima geplot ass.
„On the Record“ mam Isabel Scott ass den neie Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema


