Fir Léit, déi laang am Chômage sinn, solle Beschäftegungsinitiative wéi de CIGR-Mëllerdall eng Bréck bidde fir op de régulairen Aarbechtsmarché ze kommen. Mee wéi Betraffener Reporter.lu erzielen, stécht dohannert e System, dee senger Missioun net ëmmer gerecht gëtt.
Wee laang am Chômage ass oder op de Revis ugewisen ass, gehéiert zu den ekonomesch a sozial Prekäersten an der Gesellschaft. Beschäftegungsinitiative wéi de « Centre d’Initiative et de Gestion Régional » (CIGR) Mëllerdall bidden eng sozial Mesure un, déi hinne Perspektive schafe soll: eng Chance fir um Konkurrenz-haarden Aarbechtsmarché rëm Fouss ze faassen. Ënnerstëtzt dobäi ginn d’Initiativen duerch den « Fonds pour l’Emploi ».
Et ginn awer Problemer am System. An dëser Episod vum Podcast « On the Record » erklären d’REPORTER-Journalisten Pit Scholtes an Isabel Scott, ënner wéi engen Aarbechtsbedingunge Leit am CIGR-Mëllerdall schaffen, a wei schwéier et fir si ass, géint problematesch Praktike virzegoen.
„On the Record“ mam Isabel Scott ass den neie Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema
