Wéi wëll d’Paulette Lenert Premierministerin ginn an déi grouss Fuerderungen aus hirem Programm ëmsetzen? Dës Woch huet sech d’Spëtzekandidatin vun der LSAP am „REPORTER Live“ de Froe vu Reporter.lu gestallt. De ganzen Interview gëtt et hei fir nozelauschteren.

„Vum Stil a vum Charakter hier sinn ech net den Teppechhändler“, seet d’Spëtzekandidatin vun der LSAP an der 3. Editioun vu „REPORTER Live“. Hir Partei hätt schonns virun engem Joer eng „räsonabel Propos“ an der Steierpolitik gemaach – am Géigendeel zu anere Parteien. Hiert Ziel wier, dee Projet dann och a Koalitiounsverhandlungen zu verdeedegen an net héich unzesetzen, fir sech dann an der Mëtt ze treffen. „Dat ass net meng Stäerkt, mee dat gëtt da villäicht meng Schwächt“, sot d’Paulette Lenert en vue vun sou Negociatioune mat enger CSV oder DP.

Eng DP betount, de Staat misst och finanziell Moyennë fir eng Steierreform hunn. „Dee Sputt muss een sech ginn“, sot dogéint d’Paulette Lenert am am Gespréich mam Christoph Bumb, Chefredakter vu Reporter.lu. D’LSAP wier och fir eng Scholdegrenz vun 30 Prozent vum PIB, mee op eng Dauer vun zéng Joer gekuckt.

Déi aktuell Vize-Premierministerin huet awer och kloer gestallt, datt déi, déi méi hunn, och méi musse bäidroen zur Finanzéierung vum Staat. „Et stéiert mech, datt mam Angschtdiscours gespillt gëtt. Dat ass extrem populistesch“, sot d’LSAP-Spëtzekandidatin zum Debat iwwert eng Verméigenssteier.

De ganzen Interview gëtt et hei ze lauschteren:


Méi zum Thema