D’ADR huet sech iwwer d’Joren ëmmer méi radikaliséiert. Wéi ass hir Ideologie haut anzeschätzen? Wéi eng Roll spille Rietsextremisten am Europa-Walkampf? A wéi solle Medie mat hirem Populismus ëmgoen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

„D’ADR ass definitiv méi riets, méi radikal ginn”, seet de Christoph Bumb. Mee déi aner rietsextreem Parteien an Europa eben och, wat erkläre géif, datt d’ADR „am Verglach mam rietsextreeme Mainstream an Europa ëmmer nach relativ gemässegt” wier, sou de Chefredakter vu Reporter.lu am Podcast „On the Record”. Am Lëtzebuerger Parteiespektrum kéint een d’ADR awer objektiv als „extreem riets” bezeechnen.

Déi „Radikaliséierungstendenz vun der ADR” kéint ee mëttlerweil un enger Rei vun Aussoen a Positioune festmaachen, sou de Christoph Bumb weider. An déi Tendenz hätt och kloer mat der Féierungsroll vum Fred Keup ze dinn. D’ADR géif deemno den „ideologesche Kär vum Rietspopulismus” vertrieden, deen de Fred Keup a senge Rieden ëmmer méi kloer an hemmungslos benotze géif . Déi Rhetorik wier „eng Spillaart vum national-identitären Discours”, deen och aner populistesch a rietsextreem Parteien an Europa féieren.

De Christoph Bumb mécht déi Aschätzung och um Ëmgang vun der ADR mat de Medie fest. De Fred Keup géif mëttlerweil d’Press frontal attackéieren a souguer versichen, eenzel Journalisten a Journalistinnen, déi kritesch iwwer seng Partei berichten, ëffentlech ze diskreditéieren. „Dat ass schonn eng nei Qualitéit, déi ee menger Meenung no nach méi kloer verurteele muss wéi an der Vergaangenheet”, sou de Chefredakter vu Reporter.lu. Dobäi misst déi Lëtzebuerger Press sech awer och selbstkritesch hannerfroen, ob si mat hirer Berichterstattung net och zum Opstig an zu der Akzeptanz vum Rietspopulismus am Land bäidroe géif.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

 

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema