Wéi geet de Staat mat Steiersuen ëm? Wéi stellt en déi néideg Kontroll sécher, wann et dobäi ëm e Konflikt mat enger privater Entreprise wéi an der Affär ëm de „Luxembourg Science Center“ geet? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Knapps 22 Milliounen Euro iwwer en Zäitraum vu 6 Joer: Mat sou ville Steiersuen ënnerstëtzt de Bildungsministère de „Luxembourg Science Center“. Eng rezent exklusiv Recherche vu Reporter.lu huet awer gewisen, datt et am System „Science Center“ eng Rei Mëssstänn an Interessekonflikter ginn. Dat war dem Ministère vum Claude Meisch (DP) zwar scho méi laang bekannt, mee bis elo deet sech de Staat schwéier, fir eng effizient Kontroll am Ëmgang mat de Subsiden ëmzesetzen.

Dat Beispill géif weisen, datt de Staat oft op privat Initiativen ugewisen ass, well déi eegen Administratiounen oft einfach net iwwer déi néideg Kompetenze verfügen, seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“. An oft géif sech den zoustännege Ministère och réischt fir Detailer vun sou enger Kooperatioun interesséieren, wann Dysfonctionnementer an der Ëffentlechkeet thematiséiert ginn.

De „Science Center“ wär och net dat eenzegt Beispill fir sou eng onglécklech „Private Public Partnership“, sou de Journalist vu Reporter.lu, deen d’Story „Science for Finance“ recherchéiert huet. Och an der sougenannter „Affär SuperDrecksKëscht » géif een déi nämmlecht Problemer, a virun allem d’Schwieregkeet vum Staat, fir senger Verantwortung gerecht ze ginn, erëmfannen.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple PodcastsGoogle Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema