D’Kriminalitéitszuele ginn tendenziell erop. Wéi sënnvoll sinn d’Mesuren, déi d’Parteien am Walkampf proposéieren? Wéi grouss ass de Broch an der Koalitioun beim Sujet Sécherheet? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

ADR, CSV an DP maachen d’Sécherheet zu engem vun de grousse Walkampfsujeten dëst Joer. D’Parteien hunn e vum ADR-Spëtzekandidat Fred Keup ugefroten Debat e Mëttwoch genotzt fir sech kloer ze positionéieren. Wärend d’ADR vun engem „kriminellen Noutstand“ geschwat huet, hunn Déi Gréng virun „iwwerdriwwener Schwaarzmolerei“ gewarnt.

Déi neisten Zuelen zur Kriminalitéit 2022 misst e ganz differenzéiert betruechten, erkläert de Pol Reuter am Podcast „On the Record“. D’Pandemie hätt zum Beispill e groussen Impakt op d’Evolutioun vun den Zuelen. Am Debat gouf notamment iwwert Schnellgeriichter („comparution immédiate“) an eng Gemengepolice diskutéiert. Do géifen awer vill Problemer ausgeblent ginn, betount de Journalist vu Reporter.lu. Nei Iwwerschneidungen tëscht de Parteien tauchen op: „Et ass mëttlerweil schwiereg, tëscht Positioune vu CSV, DP an ADR an der sécherheetspolitescher Debatt z’ënnerscheeden“, seet hien.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple PodcastsGoogle Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema