De Fall vum Science Center hat Interessekonflikter a Problemer am Ëmgang mat ëffentleche Gelder gewisen. Wéi wäit ass d’Affär mëttlerweil opgeschafft? A firwat ass si keen Eenzelfall? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

„Wann Projeten e kloren Interêt public hunn, da gi gäre mol zwee Aen zougedréckt.“ Dat seet de Pol Reuter iwwer d’Affär vum „Luxembourg Science Center“. De Journalist vu Reporter.lu hat am Mäerz 2023 mat senge Recherche d’Mëssstänn beim Wëssenschaftszentrum zu Déifferdeng opgedeckt. „Dem Staat ass bei sou Saache just wichteg, datt eppes geschitt. Wat do hannendrun mam Geld, dat déi entspriechend Leit a Firme vum Staat kréien, wierklech geschitt, schéngt dobäi egal ze sinn“, sou de Pol Reuter am Podcast „On The Record“. De Science Center wier do ee Beispill, wou een déi Responsabel einfach ze laang gewäerde gelooss hätt.

Zanter 2017 wiere vum Staat ronn 28 Milliounen Euro an den Zentrum gefloss, ouni datt déi Responsabel ëm de Grënner an Direkter Nicolas Didier hätte misste Rechenschaft iwwert d’Verwendung vun deene Gelder ofleeën. An dobäi hätt et eng ganz Rei opfälleg Rechnungen a Geldflëss ginn, erkläert de Pol Reuter. Dat hätt dunn och eng Analyse vun der Finanzinspektioun gewisen, wouropshin och de Ministere Konditioune fir eng weider Zesummenaarbecht gestallt hätt. Mee esou guer do géing de Nicolas Didier weiderhin um längeren Hiewel sëtzen. Well d’Konditioune vum Staat wieren zwar kloer, mee nach ëmmer net erfëllt.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

 

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema