Eng russesch Bank zu Lëtzebuerg geréiert Suen vu Vertrauten vum Wladimir Putin. Dat hu Recherche vu Reporter.lu gewisen. Wéi eng Roll spillt d’Finanzplaz am Offshore-Netzwierk vu russeschen Oligarchen? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.

Weltwäit hu Regierungen als Reaktioun op déi russesch Invasioun vun der Ukrain haart Sanktiounen agefouert. Dës sollen de Wladimir Putin an säin enken Entourage vun Oligarchen do treffen wou et am meeschte wéi deet: an hirem Portemonnaie. Mee dem Putin säi Verméigen ze verfollege ass net einfach, well et duerch e komplext Offshore-Netzwierk aus Russland geschleist gouf.

Zu Lëtzebuerg goufe bis elo 4,2 Milliarden Euro vu Persounen an Entitéiten aus der EU-Sanktiounslëscht agefruer. Eng nei Recherche vu Reporter.lu deit awer dorop hin, dass domat net alles gekläert ass. Am Fall vun der « East-West-United-Bank » géife Konte vu sanktionéierten Oligarchen zu Lëtzebuerg genotzt gi fir den Transfert vu dubiéise Gelder duerchzeféieren.

« D’Lëtzebuerger Finanzplaz ass e wichtege Conduit fir Gelder aus aller Welt, an natierlech och fir russesch Gelder », seet de Journalist Luc Caregari vu Reporter.lu. « Offshore-Firme grënnen zu Lëtzebuerg Firmen, déi dann Transaktioune mat aneren Offshore-Firmen duerchzéien. Lëtzebuerg ass méi e Kanal fir den Transfert vu Sue wéi déi endgülteg Destinatioun vu Suen. »

Firwat gëtt déi Problematik vun der Lëtzebuerger Politik kaum wouergeholl oder thematiséiert? Och doriwwer schwätzt de Luc Caregari an der neister Episod vum Podcast « On the Record ».

„On the Record“ ass den Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema