D’Regierung huet nei héich Beamten nominéiert an anerer kal gestallt. Wie sinn déi Leit? Firwat ass de System vun den héije Beamte problematesch? A wiere politesche Cabineten net déi besser Léisung? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Dat Ganzt ass net nëmme problematesch fir déi betraffe Leit, mee dat misst eis als Steierzueler och eppes ugoen.“ Dat seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“. A mengt domat de Lëtzebuerger System vun den héije Beamten. Säit Joresufank huet déi nei Regierung wichteg Posten an de Ministère mat neie Leit besat an al Beamten an déi zweet Rei gesat, well se eng aner Parteikaart wéi d’Ministeren hunn. Dat ass net nei, dat gouf et och schonn ënner Blo-Rout-Gréng, de Probleem läit am System selwer: „Dat sinn héich qualifizéiert Leit, déi mat gudde Paie bezuelt ginn, fir elo d’Mauer unzekucken“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

„D’Iddi hannert deem System war, datt déi Leit parteionofhängeg opgrond vun hire Kompetenze sollten nominéiert ginn“, erkläert de Pol Reuter. „De facto huet dat awer guer net fonctionéiert. Et ass elo nu mol sou, datt déi Beamten natierlech politesch Beamte sinn, well si sinn dofir do, fir d’Politik vun der Regierung ëmzesetzen“, seet de Journalist.

Déi nei Leit an de Ministere kommen dann och aus ënnerschiddleche Beräicher an hu ganz verschidde Lienen zu de jeeweilege Ministèren. Interessant wier do och, wien de neie Premier a säi Cabinet beruff huet, fënnt de Pol Reuter. „Déi Nominéierunge weisen: De Luc Frieden schéngt net sou gutt a senger Partei vernetzt ze sinn, datt en do eng Ekipp ronderëm sech opgebaut hätt“, sou d’Analys vum Pol Reuter.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema