Wéinst Finanzéierungsproblemer riskéiert d’Asbl « Passerell » net méi kennen Flüchtlingen ze hëllefen. Mee wéi gutt ass Lëtzebuerg iwwerhaapt opgestallt fir Leit déi Asyl froen, juristesch z’ënnerstëtzen? Dorems geet et an der neier Episod vum REPORTER-Podcast « On the Record ».

Wee zu Lëtzebuerg Asyl ufreet, muss sech op laangwiereg a komplex Prozeduren astellen. Fir déi divers bürokratesch Hürden ze meeschteren, kennen Flüchtlingen Ënnerstëtzung kréien vun der Hëllefsorganisatioun « Passerell ». D’Asbl, déi selwer em d’Iwwerliewen kämpft, kritiséiert datt Flüchtlingen kee gudden Access zur Justiz kréichen: se géifen net vun den Autoritéiten iwwert hir Rechter opgekläert ginn, an generell géing et u spezialiséiert Affekoten feelen.

« Passerell » ass mat hirem konsequenten Aktivismus eng Ausnam am Lëtzebuerger ONG-Secteur: d’lescht Joer huet si d’Direction de l’Immigration verklot, dat well Agenten Flüchtlingen systematesch dovunner ofhalen géifen, eng « demande de protection internationale » anzereechen.

An der neier Episod vum REPORTER-Podcast « On the Record » setzen sech d’Journalisten Luc Caregari an Isabel Scott vu Reporter.lu ënnert anerem mat dëse Froen auserneen.


„On the Record“ mam Isabel Scott ass den neie Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema