D’Parteie positionéiere sech fir d’Europawalen. Wéi een Afloss huet de Regierungswiessel op intern parteipolitesch Dynamiken? Wéi hunn d’Parteien sech personell an inhaltlech nei opgestallt? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

„An der neier Regierung profiléiert sech d’CSV méi als konservativ-liberal Partei wéi an der Oppositioun an de leschte fënnef bis zéng Joer. Eng Fro ass, wéi sech dat da géing op europäeschem Niveau auswierken.“ Dat seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“ zum aktuellen Zoustand vun der CSV nom Comeback an der Regierung, virun den Europawalen a mat engem neie Parteipresident Luc Frieden. „Grad wann d’CSV an der Regierung ass, ass d’Partei virun allem ee Premier-Walveräin oder e Supporterclub vun der Regierung“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu. 

D’LSAP géing sech schwéier doen, sech an der Oppositioun personell esou opzestellen, datt si politesch Akzenter kéint setzen, do géingen Déi Gréng bis elo eng méi aktiv Roll spillen, fënnt de Christoph Bumb. Déi aktuell Roll vun der DP par contre misst een an engem méi globalen an historesche Kontext kucken an net just mat enger liberaler Partei vergläichen, déi een déi lescht zéng Joer an der Dräierkoalitioun kannt huet, sou de Journalist.

Wat déi méi kleng Parteien ugeet, géing d’Radikaliséierung vun der ADR mat engem ëmmer méi staarke Fred Keup weidergoen, wärend Fokus sech mat der Personalie Monica Semedo verkalkuléiert kéint hunn, analyséiert de Christoph Bumb. „Beim Wieler entsteet do net onbedéngt den Androck, datt hei eng Lëscht zur Wal steet, wou e Konzept hannendrun stécht, a mat Leit, déi mat grousser Glafwierdegkeet an d’Course ginn“, sou de Chefredakter vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

 

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema