Vun der Premierpartei zum Juniorpartner: Wéi geet d’DP mat deem Rollewiessel ëm? Wat fir Persoune bestëmme mëttlerweil d’Politik vun der Partei? A kann si nach eegen Akzenter setzen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

„De Problem vun der DP ass, dass si ze no un der CSV ass, an sech quasi opgeléist huet an dëser Regierung“, seet de Pol Reuter am Podcast „On the Record“. De Luc Frieden hätt een hierarchesche Stil ënnerhalb vun der Regierung agefouert. Doduerch géif de Premier souguer Projete virstellen, déi DP-Ministere betreffen. Och inhaltlech wier eng Ofgrenzung schwéier. Et wier de Liberalen och guer net dorëms gaangen, an de Koalitiounsverhandlungen sech géint eng CSV duerch- an eegen Akzenter ze setzen, well de Programm vu béide Parteien dee selwechte gewiescht wier, sou de Journalist vu Reporter.lu

D’DP hätt sech haaptsächlech duerch eng intern Rolleverdeelung verännert. „Et ass kloer, dass no deenen zéng Joer als Premier, wou de Xavier Bettel dee Mann war, deen d’Soen an der Partei an och an der Koalitioun hat, hien dat elo net méi ass“, seet de Pol Reuter. Dës Roll géing elo de Lex Delles iwwerhuelen, deen d’Kärsujete vun der DP ënnerhalb vun der Koalitioun verdeedege wäert. Vill Muecht géing sech awer och weiderhin op der Persoun vum Lydie Polfer konzentréieren. „Obwuel net selwer an der Regierung géinge vill Decisiounen an der nationaler Politik net laanscht d’Lydie Polfer féieren“, sou de Journalist.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema