Podcast „On the Record“

Nei Koalitioun, nei Klimapolitik?

Foto: Eric Engel

Dës Woch start zu Dubai déi 28. UN-Weltklimakonferenz. Wéi ass Lëtzebuerg a punkto Klimaschutz opgestallt? A wéi eng Agenda verfollegt déi nei Koalitioun aus CSV an DP an dësem kruziale Politikberäich? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Et ass deen éischten Optrëtt vum neie Lëtzebuerger Ëmweltminister op der internationaler Bün: De Serge Wilmes (CSV) ass dës Woch zu Dubai bei der Weltklimakonferenz dobäi. Bis elo huet hien awer nach net als grousse Klimapolitiker vun sech schwätze gedoen. „U sech ginn et quasi keng Positioune vum Serge Wilmes zum Thema Klimapolitik, weder an der Chamber nach am Stater Gemengerot“, seet de Pol Reuter. Hie wier do nach en onbeschriwwent Blat a misst sech als éischt nach an déi Matière eraschaffen, sou de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“.

Déi nei CSV-DP-Regierung wëll de Klimaschutz eescht huelen. Si wëll hir Efforten intensivéieren, heescht et op mannst am Koalitiounsaccord. Wéi si dat genau maache wëll, ass awer net esou kloer. „Wann een de Programm liest, huet ee vill schéi Floskelen dran, mee ganz konkret gëtt et do awer net », seet de Pol Reuter. Deen eenzege Punkt, wou et konkret gëtt, an dat wier e groussen Ënnerscheed zur viregter Regierung, datt wier datt d’Koalitioun de Klimaschutz virun allem als Energiepolitik begräift, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Am Koalitiounsaccord huet Regierung sech awer och hannert de nationale Klima- an Energieplang gestallt. „Wann dat wierklech de Fall ass, ass een och nach ëmmer ‚on track‘, datt ee verschidde Reduktiounsziler erreecht“ seet de Pol Reuter. Et géing awer och bedeiten, datt een eventuell och muss méi restriktiv Mesuren huelen. An do wier d’Fro, wéi wäit déi ei Regierung bereet ass, Decisiounen ze huelen, déi wéidoen. Zum Beispill beim Ewechkommen vun de Masuttsheizungen.

„Do gesäit de Klimaplang vir, datt, wann dat net duerch Subventiounen erreecht gëtt, datt een dann och misst iwwert Verbueter nodenken, erkläert de Pol Reuter, deen do eng gewëss Diskrepanz am Discours vun där neier Koalitioun feststellt: „Et seet en, mir stellen eis hannert eis Ziler, mee gläichzäiteg soll déi nei Klimapolitik méi pragmatesch sinn an d‘Leit net nerven“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit.


Méi zum Thema