Méi wéi zwee Joer Krich an der Ukrain a keen Enn en Vue. Wéi gesäit déi Lëtzebuerger Ënnerstëtzung aus? Wéi huet sech déi national Defense-Politik verännert? A wéi kéint de Krich sech weider entwéckelen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

„Ech géing mengen, do ass nach e bësse Sputt“, seet de Pit Scholtes am Podcast „On the Record“ a bezitt sech do op déi Lëtzebuerger Hëllef fir d’Ukrain. Déi 70 Milliounen Euro, déi am Budget fir 2024 fir d’militäresch Ënnerstëtzung fir d’Ukrain virgesi sinn, wäre just  zéng Prozent vun de Militärausgaben, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Op de PIB gekuckt, hätt Lëtzebuerg 0,17 Prozent vu sengem Bruttoinlandsprodukt un d’Ukrain ginn, aner Länner hätten do vill méi ginn. „Do muss een sech awer d’Fro stellen, op dat dem eegenen Usproch vu Lëtzebuerg an och dem Pathos an de Riede vum Premier Luc Frieden gerecht gëtt“, fënnt de Pit Scholtes.

D’Lag am Krichsgebitt analyséiert de Pit Scholtes follgendermoossen: „Mëttlerweil si mir op engem Punkt, wou d’Gefor net an engem Afréiere vum Konflikt besteet, mee an engem russeschen Duerchbroch an de nächste fënnef bis sechs Méint.“ Der Ukrain géing et massiv u Munitioun feelen an et géing sech och d’Fro stellen, wéi vill d’Zaldoten d’Land nach ka mobil maachen. Op där aner Säit géing de Wladimir Putin säi Land op en „totale Krich“ aschwieren, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

 

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema