D’Paulette Lenert wëll Premierministesch ginn. No laangem Zécke fuerdert si de Xavier Bettel eraus. Wat ass hier an der Politik wichteg? Huet d’LSAP-Spëtzekandidatin eng reell Chance an de Walen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Ech si prett“. Domat huet d’Paulette Lenert sech als Spëtzekandidatin fir d’Chamberwale positionéiert. Esou ganz ass si awer nach net an der Roll. An hirer Ried e Freideg war si inhaltlech virun allem nach Gesondheetsministesch. Sozial Gerechtegkeet an d’Fro vun der Aarbechtszäit schielen sech awer als Schwéierpunkten eraus.

En Handicap an de Wale kéint ginn, datt d’Paulette Lenert am Bezierk Oste matgeet. En Avantage kéint sinn, datt de Luc Frieden als CSV-Spëtzekandidat en Dramgéigner fir d’LSAP wier. An deem Zenario hätt d’Paulette Lenert d’Méiglechkeet ganz op de Sujet sozial Gerechtegkeet ze setzen. Dat seet de Journalist Pol Reuter vu Reporter.lu am Gespréich mam Laurent Schmit am Podcast „On the Record“.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema