Bei der Recherche „Dubai Unlocked” ass Reporter.lu op Spuere vum Frank Schneider a vu senger Roll an der „OneCoin”-Affär gestouss. Wat ass soss nach bei der Recherche erauskomm? A wat fir Suite kéint si hunn? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

„Fir Verschiddener ass et e gudden Invest, fir anerer ass et awer och eng gutt Plaz fir sech ze verstoppen.“ Dat seet de Luc Caregari iwwert d’Emirat Dubai am „Podcast On the Record”. De Journalist vu Reporter.lu huet bei der internationaler Recherche „Dubai Unlocked” matgeschafft, wou geleakten Dokumenter iwwer Dausende Besëtzer vun Immobilien an deem Land am Noen Osten ënnert d’Lupp geholl goufen.

Nieft villen anere weltwäit vun den Autoritéite gesichte Persounen ass do och de Numm vum Frank Schneider opgetaucht. De fréieren Operatiounschef vum Lëtzebuerger Geheimdéngscht ass säit méi wéi engem Joer ënnergedaucht. Dat amerikanescht FBI sicht no him am Kader vun der Enquête an der sougenannter „OneCoin”-Bedruchsaffär.

Op de Frank Schneider sech am Moment zu Dubai ophält, doriwwer kéint een nëmme spekuléieren, sou de Luc Caregari, mee bei senger Recherche ass hien awer op bis dato onbekannt Piste gestouss. „Wat mir wëssen, ass, datt de Frank Schneider 2018 en Appartement fir 1,7 Milliounen zu Dubai kaf an 2022 nees verkaf huet, also zu engem Moment, wou hie schonn a Frankräich ënner Hausarrest war“, erkläert de Journalist vu Reporter.lu.

Wéi hien schon fënnef Méint ënnergedaucht war, hätt de Frank Schneider Enn 2023 eng indoneesesch Firma, déi hien 2020 gegrënnt hat, senger Fra iwwerdroen. Iwwerhaapt schéngt den Ex-Spioun an sengem Hausarrest nach zimmlech aktiv gewiescht ze sinn an hätt dobäi och vu sengen ëmmer nach gudden internationale Kontakter profitéiert.

D’Lëtzebuerger Justiz wollt trotz enger „Auto-Dénonciatioun” net géingt de Frank Schneider enquêtéieren. An och déi viregt Regierung wollt sech net dofir asetzen, datt hien net vu Frankräich un d’USA ausgeliwwert gëtt. D’CSV hat dat an der Oppositioun ëmmer nees gefuerdert, elo héiert een dozou awer näischt méi. „Ech mengen net, datt e Luc Frieden Wëllens ass, sech fir e Mann anzesetzen, deen dozou bäigedroen huet, datt 2013 d’Juncker-Regierung gefall ass”, seet dozou de Luc Caregari. Warscheinlech hätt de Frank Schneider mat senger Flucht virun de Walen 2023 souwisou seng lescht Chance verspillt, awer nach eemol op Lëtzebuerg zréckzekommen.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema