D’Sécherheetsgefill taucht ëmmer rëm am politeschen Debat op. Sinn Mesuren wéi aktuell d’Verbuet vum Heeschen déi richteg Äntwert op d’Problemer? Wat ass an engem Rechtsstaat iwwerhaapt ubruecht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Den DP-CSV-Schäfferot wëllt an der Stad d’Heesche verbidden. Dat huet an de leschten Deeg den Debat ronderëm eng „Law and Order“-Politik relancéiert. Juristesch hunn déi Gemengeverantwortlech net ganz vill Spillraum. Den éischte Schäffe Serge Wilmes betount am Interview mat Reporter.lu, d’Propos vum Schäfferot wier konform mat nationale Gesetzer an der internationaler Jurisprudenz.

Fuerderungen no enger Gemengepolice oder engem Platzverweis gi scho ganz laang diskutéiert, seet de Pit Scholtes am Gespréich mam Laurent Schmit. A verschiddene Punkte konnten sech DP an CSV och op nationalen Niveau duerchsetzen. Trotzdeem géifen d’Zuele vun der Police keng Verschlechterung géintiwwer der Situatioun virun der Pandemie weisen, erkläert de Journalist vu Reporter.lu. D’Sécherheetsgefill vu de Bierger géif oft och vun anere Facteuren ofhänken, wéi déi déi politesch diskutéiert ginn.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple PodcastsGoogle Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema