Wat ass vum Debat an der Chamber iwwer d’Proposen vum Klima-Biergerrot zeréckzebehalen? An wéi ee politeschen Impakt kéint de Prozess iwwer d’Detournement-Affär an der Gemeng Hesper hunn? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.

Fir méi Klimaschutz si bal all Lëtzebuerger Parteien. Dat huet och den Debat dës Woch iwwer d’Proposen vum Klima-Biergerrot an der Chamber gewisen. Mee wann et em konkret Mesuren geet, hält sech den Elan vun der etabléierter Politik awer a Grenzen.

« De generelle politeschen Discours ass kloer, ‘mir brauche méi Klimaschutz' », seet de Laurent Schmit, dee fir Reporter.lu dësen Debat suivéiert huet. Den Debat u sech kéint awer vill Leit enttäuschen. « Et blouf ganz am Vagen, an zu deene ganz konkrete Mesuren, déi den Klima-Biergerrot ausgeschafft huet, gouf wéineg gesot », sou de Journalist am Gespréich mam Christoph Bumb an der neier Episod vum Podcast « On the Record ».

Donieft geet et am Podcast dës Woch och iwwer nei Revelatiounen an der sougenannter Detournement-Affär an der Gemeng Hesper. De Journalist Pol Reuter huet fir Reporter.lu déi ganz Geschicht vum Skandal opgeschafft, deen Ufank nächst Joer wäert virun Geriicht verhandelt ginn. Dobäi geet et net nëmmen em d’Scholdfro, mee um Enn och ëm déi politesch Verantwortung fir strukturell Mëssstänn an der Gestioun vun der Gemeng.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:


„On the Record“ ass den Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema