Bei de Gemengewale goufen et eng Réi Iwwerraschungen. Wat soen d’Resultater iwwer lokal Affären an national Trends aus? Wéi eng Konsequenzen si fir d’Chamberwalen z’erwaarden? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
D’DP ass de kloren Gewënner vun de Gemengewalen. Verléierer sinn déi Buergermeeschter a Schäfferéit, déi a lokal Affäre verwéckelt waren. Vun Déifferdeng bis Wolz: De Gilles Siebenaler an de Pol Reuter kommentéieren am Podcast „On the Record“ déi méi oder manner iwwerraschend Resultater an de Gemengen. Déi méi grouss Bedeelegung vun Net-Lëtzebuerger duerch d’Ännerung vum Walgesetz hätt awer manner Impakt wéi erwaart gehat, erklären déi zwee Journaliste vu Reporter.lu am Gespréich mam Laurent Schmit.
Duerch de Verloscht vun den Héichbuergen Dikrech a Wolz misst sech d’LSAP am Oktober Suergen ëm de Bezierk Norde maachen, betounen si. „Déi Gréng mussen sech Gedanke maachen an drop hoffen, datt – wéi vill Politiker soen – et komplett aner Wale sinn. Ech weess awer net, ob dat sou einfach ass“, analyséiert de Gilles Siebenaler. D’DP kéint dogéint vum Réckewand aus de Gemengewale profitéieren a wier an hirer Strategie bestätegt, seet de Pol Reuter.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema


