D’Schéier tëscht Aarm a Räich geet auserneen, d’Schoul bitt net déi selwecht Chance fir jiddereen. Wéi ass de Bilan vu Blo-Rout-Gréng an deene Beräicher? Wéi eng Sozialpolitik huet d’Regierung gemaach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

D’Pandemie an d’Inflatioun hunn d’Gesellschaft enorm ënner Stress gesat. D’Regierung huet déi akut Konsequenzen ofgefiedert, mee d’Zuele weisen eng negativ Entwécklung grad beim Aarmutsrisiko a bei der ongläicher Reussite an der Schoul.

D’Regierung a virum allem de Familljeministère hätt ze oft reagéiert an net eng offensiv Sozialpolitik gemaach, seet de Luc Caregari am Podcast „On the Record“. De Journalist vu Reporter.lu verweist virun allem op de schlechte Bilan vun der Revis-Reform.

D’Parteie géifen am Walkampf op d’Problemer vum sozialen Zesummenhalt och net wierklech agoen, seet de Pol Reuter. „Wann een d’Walprogrammer liest, huet een d’Gefill, wéi wa Lëtzebuerg nach ëmmer e Schlaraffeland wier, wou et just drëms geet e puer Klengegkeeten ze verbesseren“, betount de Journalist vu Reporter.lu. Et géif ze vill un de Wieler geduecht an net un déi ganz Gesellschaft – wat zu Lëtzebuerg net dat selwecht wier.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple PodcastsGoogle Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema