Dräi Joer huet de Stater Schäfferot gebraucht fir ee Mobilitéitsplang virzeleeën. Wéi kann d’Stad dem Verkéiersinfarkt entgoen? Wéi eng Roll soll den Tram dobäi spillen a firwat gëtt et Sträit iwwert den Tracé? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et geet net wierklech mei wäit wéi d’Zoustandsbeschreiwung. Et feelt u Konzepter fir Léisungen ze bréngen“, seet de Laurent Schmit am Podcast „On the Record“ iwwert de Mobilitéitsplang vun der Stad Lëtzebuerg. Et géifen nach vill Elementer feelen a wann een d’Dokument liest, weess een nach ëmmer net wat 2035 genee wäert aneschters si wéi haut, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Fir vill Opreegung huet virun allem d’Sträiche vun der Tramstracé duerch d’Neipuertsgaass gesuergt. Dësen Tracé wier wichteg fir d’Waardezäiten ze begrenzen. D’Stad wollt awer net den Auto benodeelegen. Dat deckt sech och mat Aussoe vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes (allebéid DP) a rezenten Interviewen. „Do ass ëmmer riets dovun, datt een dem Auto näischt soll wech huelen a net verschidde Verkéiersmëttele géinteneen ausspille soll“, sou de Laurent Schmit. Dobäi wier dëst kontraproduktiv. „Et ka just manner Stau ginn an Zukunft, wann ee mei Bus, Tram a Vëlo huet“, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Dobäi ass et politesch fir d’Regierungsparteie schwiereg dem Auto Plaz ewech ze huelen. „Anerersäits, wat ass d’Alternativ? Et geet kloer aus dem Mobilitéitsplang ervir, datt Stad ee Verkéiersinfarkt riskéiert, wann d’DP an CSV hier politesch Verantwortung net wouer huelen.“

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.