No der Ried zur « Lag vun der Natioun » ass kloer: Op mannst de Premier ass prett fir déi nächst Walen. Wat ass bis dohinner nach un politeschen Initiativen ze erwaarden? A wéi sinn déi eenzel Parteien opgestallt? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.

Weider « Verantwortung iwwerhuelen » heescht, wann et no him geet, och weider Premier bleiwen: De Xavier Bettel léisst genau wéi seng Partei DP keen Zweiwel dorunner, datt hien och an Zukunft d’Regierung uféiere wëll. Säin Discours ass deemno och ëmmer méi op déi nächst Walen ausgeriicht. Bei den anere Parteien ass dat zwar sou nach net de Fall. An awer läit ee Joer virun den nächsten Nationalwalen en Hauch vu Walkampf an der Loft.

Wéi positionéieren sech déi zwou aner Koalitiounsparteie LSAP an Déi Gréng? An wat ass vun der Oppositioun an den nächste Méint ze erwaarden? Doriwwer schwätzt de Journalist Pol Reuter, dee fir Reporter.lu de politesche Betrib zu Lëtzebuerg verfollegt, am Gespréich mam Christoph Bumb am Podcast « On the Record ».

 

„On the Record“ ass den Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema