Wéi wäert sech d’Situatioun um Wunnengsmaart entwéckelen? Wéi wëll déi nei Regierung mam Minister Claude Meisch de Probleem ugoen? A wat sinn aner Stellschrauwen, un deene gedréit misst ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Et gëtt kee soziale Probleem, deen net duerch eng Verbesserung vun der Logementskris ofzeschwäche wär“, seet de Pit Scholtes. De Journalist vu Reporter.lu gesäit do och bei der neier Regierung eng gewëss Prise de conscience. D’Fro wier awer, duerch wéi eng Mesuren een der Kris wéilt entgéingt wierken. „Ech erkennen do schonn de Wëllen, d’Logementsfro nei ze denken, zum Beispill bei der Finanzéierung, duerch ënnert anerem e Biergerfonds. Gläichzäiteg gëtt et am Koalitiounsaccord awer och eng Kontinuitéit zu Blo-Rout-Gréng, zum Beispill bei der Grond- a Mobiliséierungssteier“, sou de Pit Scholtes am Podcast „On the Record“.

Wann ee lo déi annoncéiert Steiermesurë kuckt, da wieren dat op den éischte Bléck „al Rezepter“, déi temporär lo mol solle wierken – gewëssermoossen e „kuerzzäitegen Dopping fir den Immobiliemarché“, erkläert de Pit Scholtes. Dat wier novollzéibar, mee wann et dobäi géing bleiwen, da kéint dat mëttelfristeg geféierlech ginn: „Da komme mir nees an déi selwecht Entwécklungsspiral, déi mir déi lescht Jore kannt hunn an déi jo och sozial Verwerfunge mat sech bruet huet“, sou de Journalist.

Iwwert déi ugekënnegt Mesuren eraus kéim d’Regierung net dolaanscht, d’Gemengen och méi an d’Pflicht ze huelen, mengt de Pit Scholtes. „D’Fro stellt sech awer och, op een sech weiderhin aleng op de Fonds du Logement an d’SNHBM wëll verloossen, fir datt soziale Wunnengsraum geschafe gëtt, oder ob een déi privat Acteuren do mat an d’Boot hëlt, sou de Pit Scholtes.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema