D’LSAP setzt héich Erwaardungen an hir Spëtzekandidatin an där hir Popularitéit. Fir wéi eng Politik steet d’Paulette Lenert a wéi stinn hir Chancë fir de Xavier Bettel als Premier ofzeléisen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
D’Paulette Lenert ass a bleift eng „Quereinsteigerin“ an d’Politik. Si ass elo ganz offiziell Spëtzekandidatin vun der LSAP a soll d’Partei un d’Regierungsspëtzt féieren. Trotzdeem sinn hir politesch Iwwerzeegungen deelweis nach e Rätsel, dat et gëllt z’entschlësselen.
D’Paulette Lenert wëll gestalten, mee si hadert mat de „Begleiterscheinungen“ vun der Politik. „D’Paulette Lenert huet sech ni mat där Roll arrangéiert, an där si lo dran ass“, seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“. De Chefredakter vu Reporter.lu huet rezent e laangen Interview mat der Vizepremierministesch gefouert. Sollt si Premier ginn, da wéilt si méi op Innepolitik setzen an d’Aarbecht vu Blo-Rout-Gréng weiderféieren, sot si do. Eng Neioplo mat anere Kräfteverhältnisser wier quasi déi eenzeg Muechtoptioun vun der Paulette Lenert, sou de Christoph Bumb.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema



