Des Schoulrentrée steet net méi am Zeeche vum Coronavirus, sot den Educatiounsminister virun der Press. Mee nieft Léierréckstänn huet Covid-19 d’Ongerechtegkeeten am Schoulsystem weider verstäerkt. Dorëms geet et an der neister Episod vun « On the Record ».

Den Impakt vum Coronavirus op d’Kompetenze vun de Schülerinnen a Schüler ass manner staark ausgefall wéi ugangs gefaart. Sou emol de Constat vum Educatiounsminister no zwee Joer Pandemie an de Schoulen. Dowéinst wiere spezifesch Mesure fir méiglech Léierreckstänn opzefänken och net méi néideg. Mee wéi novollzéibar ass déi optimistesch Aschätzung vum Claude Meisch? Wéi eng Konsequenzen hat d’Pandemie op déi pedagogesch, sozial a mental Kompetenze vun de Schüler?

Et ass e Problem deen sech elo ëmmer méi weist, seet de Pol Reuter. D’Schoulpersonal vum Fondamental a Secondaire géif feststellen dass d’Fundamenter net méi all sëtzen. A well et keng Opfankstrukture gëtt, déi vu Professionelle geleet ginn, fir d’Léierréckstänn opzefänken, géifen déi Defiziter d’Schüler nach länger an hirem Schoulparcours begleeden. De Coronavirus huet d’Inegalitéiten am Bildungssystem nach méi verschäerft, sou nach de Journalist vu Reporter.lu.

Iwwer weider Aspekter vun de Covid-Léierréckstänn schwätzt de Pol Reuter am Podcast „On the Record“.

„On the Record“ ass den Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema