Reporter-Podcast „On the Record“

D’Philosophie vum Koalitiounsaccord

Foto: Mike Zenari

De Premier Luc Frieden huet de Programm vun der neier Regierung virgestallt. Gëtt deen den Erausfuerderunge wéi der Logementskris gerecht? Passt déi wirtschaftsliberal Haltung zur ekonomescher Situatioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Nëmme gesond a staark Betriber géifen eng effikass Sozialpolitik an d’digital an d’ekologesch Transitioun méiglech maachen, sot de Premier Luc Frieden (CSV) e Mëttwoch an der Chamber. Dat ass déi wirtschaftsliberal Philosophie vun der CSV-DP-Koalitioun. An der Regierungserklärung koumen d’Betriber opfälleg oft vir, analyséiert de Laurent Schmit. D’CSV an d’DP leeën den Accent op Steiermesurë fir d’Kafkraaft ze stäerken a manner Bürokratie fir Betriber. De Problem wier awer, datt dat kuerzfristeg schwéier zu enger wirtschaftlecher Relance féiere kann, sou de Journalist vu Reporter.lu am Podcast « On the Record ».

Am Logement wëll de Luc Frieden eng sozial Kris verhënneren. Och hei solle Steieravantagen a vereinfacht Prozeduren zu méi Wunnenge féieren. „Déi sozial Kris ass awer scho laang do“, betount de Pit Scholtes. D’Regierung hätt den Eescht vun der Situatioun nach net erkannt, mengt de Journalist vu Reporter.lu. Hiren Handlungsspillraum wier och begrenzt: D’Gemenge misste matspillen an et wier net kloer, ob Steieravantagë géifen duergoe fir eng länger Baukris ze verhënneren.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit.


Méi zum Thema