Den Debat ëm d’Heescheverbuet dréit mëttlerweil ëm rechtsstaatlech Froen. Wéi kënnt d’Regierung aus der kriddeleger Lag nees eraus? A wou steet si beim Kampf géint d’Aarmut, den si sech virgeholl hat? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Ech fannen déi Virgoensweis extreem bedenklech: Et gëtt quasi der Justiz schlechte Wëllen ënnerstallt bei enger Fro, déi u sech misst politesch geléist ginn.“ Dat seet de Pit Scholtes am Podcast „Reporter On the Record“ zur Debatt ëm d’Heescheverbuet an den ënnerschiddlechen Aussoe vu Vertrieder aus Politik a Justiz. Den Droit wier natierlech keng exakt Wëssenschaft, mee et géingen awer fundamental Prinzippie ginn, déi an engem Rechtsstaat gëllen a wou et ebe keng Interpretatiounsdivergenze ginn, sou de Journalist vu Reporter.lu mat Verweis op déi bestoend Jurisprudenz.

Déi rezent Aussoe vum Luc Frieden gesäit de Pit Scholtes als eng gewëss Schuedensbegrenzung. Hien stellt awer och fest, datt fir de Premier just Urteeler vun den ieweschte Geriichter gëllen a net de Fonctionnement vun der Justiz iwwer d’Jurisprudenz. An awer schéngt d’Regierung sech lo op eng Sproch verstännegt ze hunn, déi dora besteet, vun enger Reform vum Code pénal ze schwätzen. Mee souguer domat wier de Probleem net geléist, mee nees um Ufank vun der Debatt: „Da si mer nees beim Lacatus-Urteel vun de Stroossbuerger Riichter“, sou de Pit Scholtes. Dat Urteel hat, graff resuméiert, d’Recht op Heeschen als Mënscherecht festgehalen.

Vum Kampf géingt d’Aarmut ass an der ganzer Debatt just um Rand riets. Dobäi hat de Premier genau déi als eng Prioritéit vun der Regierung ugekënnegt. „Bei der Aarmutsbekämpfung gouf e bis elo kaum eng Mesure, déi getraff gouf“, seet d’Fiona Kieffer. D’Proposen am Koalitiounsaccord wieren zum groussen Deel vag an um Terrain ass bis elo ganz wéineg ëmgesat ginn, ausser, datt bei der Wanteraktioun en Zelt bäigesat gouf, sou d’Journalistin vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der Aktualitéit zu Lëtzebuerg.


Méi zum Thema