Podcast „On The Record“

Bildungspolitik an der Ära Claude Meisch

Foto: Mike Zenari

De Claude Meisch ass zanter 10 Joer Bildungsminister. Wéi huet de liberale Politiker de Lëtzebuerger Schoulsystem gepräägt? An wéi eng Reforme wëll hien an den nächste 5 Joer nach ugoen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

„Haaptpunkt vun der Politik vum Claude Meisch war eng Liberaliséierung vum Bildungssystem a Form vun enger Diversifikatioun vun der Offer. Dat een eng méi breet gefächert Offer geschafen huet fir all Schüler.“ Dat seet de Pol Reuter iwwert d’Politik vum Educatiounsminister. Den DP-Politiker hätt och aus de Feeler vu viregte Regierunge geléiert, notamment, datt een de Secondaire extrem schwéier ka reforméieren, ouni ze vill Drock vun de Gewerkschaften op sech ze zéien, sou de Journalist vu Reporter.lu am Podcast „On the Record“. Mat den ëffentlechen internationale Schoulen hätt hien dofir eng Aart Parallelsystem opgebaut, fir op deem Wee der Diversitéit vun der Lëtzebuerger Schoulpopulatioun gerecht ze ginn.

D’Politik vum Claude Meisch wier ganz kloer e Broch mat der Politik, wéi se virdu gemaach gouf, erkläert de Pol Reuter: „Do war et ëmmer d’Iddi, datt een een eenheetleche Schoulsystem misst hunn, deen alle Schüler gerecht misst ginn. De Claude Meisch huet dat ëmgedréit, sou datt et elo méi Schoulsystemer fir déi verschidde Schüler gëtt“, seet de Journalist vu Reporter.lu. De Problem wier awer, datt déi Politik net deene Schüler géing hëllefen, déi et am néidegsten hätten. Déi Schüler, déi am klassesche Schoulsystem Problemer haten, wieren an den ëffentlechen internationale Schoulen quasi net present.

Mat dem Problem wäert de Minister sech weider befaasse mussen. De Claude Meisch wäert nämlech och déi nächst 5 Joer fir d’Educatioun zoustänneg sinn. Domat wäert hien sou laang un der Spëtzt vun deem Ministère stoen wéi nach kee Lëtzebuerger Bildungsminister virun him. Donieft ass hien elo och nach responsabel fir de Logement.„Et kann een sech erwaarden, datt am Logement elo Saache wäerten ëmgesat ginn. Well wann ee bewisen huet, datt en eppes ëmsetze kann, dann ass et de Claude Meisch“, mengt de Pol Reuter. Dat géing mat sengem Stil zesummenhänken an datt hien och bereet ass, onpopulär Decisiounen ze treffen, sou de Journalist vu Reporter.lu.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit.


Méi zum Thema