D’Parteie brénge sech a Positioun fir den offizielle Start vum Walkampf. Wäert et dann endlech zu enger Debatt iwwer déi grouss Erausfuerderunge vum Land kommen? A wéi eng Roll hunn d’Medien nach am Walkampf? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
En Méindeg fänkt ganz offiziell de Walkampf un. Esou ass et zumindest am Walkampfaccord virgesinn, deen déi meescht Parteien ënnerschriwwen hunn. Si sinn sech awer net eens, ob d’Parteie réischt ab deem Moment dierfe Walkampf maachen oder net. D’CSV huet zum Beispill iwwert de ganze Summer scho Reklamm fir hire Spëtzekandidat Luc Frieden gemaach. Aner Parteien zéien zanter e puer Deeg mat Flyeren a Pub an de soziale Medien no.
Wann ee kritiséiert, datt eng Partei och am Summer mam Walkampf ufänkt, wier dat schonns eng „künstlech Opreegung“, seet de Christoph Bumb am Podcast „On the Record“. Et géif dobäi nämlech virun allem ëm d’Form an net ëm Inhalter goen. Datt een als Oppositiounspartei probéiert, Opmierksamkeet fir sech ze schafen, fënnt de Chefredakter vu Reporter.lu legitim. Dat géif allerdéngs net fir „Dirty campaigning“ gëllen, wéi et d’CSV an de leschte Wochen op mannst an engem Fall probéiert hätt.
De Walkampf leeft bis elo och virun allem iwwer déi sozial Medien. Do kéinten d’Parteien hire Message méi liicht kontrolléieren, wat awer oft och op Käschte vun der Qualitéit vun der Debatt geet, sou de Christoph Bumb weider. Et géif een an där Hisiicht och eng gewëss Professionaliséierung bei de Parteie gesinn, op mannst am Verglach mat de leschte Walkampagnen.
Als Reporter.lu wäerte mir de Walkampf op eis Aart a Weis begleeden. Mir zéien ee Bilan vun der Regierungspolitik an de wichtegste Beräicher a portraitéieren déi Kandidaten, déi an Zukunft warscheinlech d’Lëtzebuerger Politik méi staark matbestëmmen. Ab dem 7. September wäert de Christoph Bumb och Live-Interviews mat de Spëtzekandidate vun de véier gréisste Parteie féieren.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.