Datt d’Schéier tëscht Aarm a Räich ausernee geet, mécht de Léit zu Lëtzebuerg ëmmer méi Suergen. Wéi hunn sech déi ekonomesch Ongläichheete verännert a wat kann d’Politik konkret dogéint ënnerhuelen? Dorëms geet et an der leschter Episod vun „Aarm trotz Aarbecht“.
„Mir gesinn, dass ëmmer méi Leit duerch déi lescht Krisen all hier Ressourcen opgebraucht hunn“, seet d’Carole Reckinger vun der Caritas. Zu Lëtzebuerg sinn 13,5 Prozent vun de schaffende Leit am Aarmutsrisiko. Dat sinn iwwer 33.000 Persounen.
D’ExpertInnen Anne-Catherine Guio (Fuerschungsinstitut Liser), Sylvain Hoffmann (Chambre des Salariés) a Carole Reckinger (Caritas) gesinn Handlungsbedarf op ville Niveauen. Dat geet vun enger struktureller Erhéijung vum Mindestloun iwwer d’Logements-Kris bis zu enger gerechter Steierpolitik.
Am leschte Politmonitor vun „RTL“ a „Luxemburger Wort“ hu sech zwee Drëttel vun de Befroten eng méi gerecht Ëmverdeelung gewënscht. „Et ass fir mech net nëmmen eng Fro vu Géigefinanzéierung, et ass virun allem och eng Fro vu Gerechtegkeet, dass d’Spëtzeverdénger méi Steiere bezuelen“, seet de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des Salariés.
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„Aarm trotz Aarbecht“ ass eng nei Podcast-Serie vu Reporter.lu iwwer Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen an awer net genuch verdéngen, fir en anstännegt Liewen ze hunn. Dir fannt d’REPORTER-Story och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema


