D’Ann ass op staatlech Hëllef ugewisen. Si wëll awer finanziell op eegene Been stoen. Huet d’REVIS-Reform hir Ziler erreecht? Wéi schwéier ass et fir Betraffener, aus deem System eraus ze kommen? Dorëms geet et an der drëtter Episod vun „Aarm trotz Aarbecht“.
„Éier datt ee mech jugéiert, soll ee fir d’éischt kucken, wat ech virdrun alles versicht hunn », seet d’Ann. D’elengerzéiend Mamm vun engem Teenager bezitt mëttlerweil zanter sechs Joer de REVIS („Revenu d’inclusion sociale“) als Complement zu enger staatlecher Aktivéierungsmesure. Trotz Aarbecht huet si um Enn vum Mount net genuch Suen iwwreg fir anstänneg ze liewen. „Mat mengem Salaire geet et einfach net duer. Et deet mir Leed, et geet einfach net duer.“
De REVIS dréit d’Handschrëft vun der Familljeministerin Corinne Cahen (DP). 2019 gouf duerch dës Reform den RMG („Revenu minimum garanti“) ersat. D’Petra Böwen, Dozentin op der Uni Lëtzebuerg, bezweiwelt, datt de REVIS eng Verbesserung ass: „Ech ginn dovun aus, datt Ännerungen am Gesetz passéiere, well een eppes Guddes bewierke well. Mee an de leschte Joerzéngten si mer ëmmer méi zu enger Ekonomiséierung gaangen.“
Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:
„Aarm trotz Aarbecht“ ass eng nei Podcast-Serie vu Reporter.lu iwwer Leit, déi zu Lëtzebuerg schaffen an awer net genuch verdéngen, fir en anstännegt Liewen ze hunn. Dir fannt d’REPORTER-Story och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple Podcasts, Google Podcasts an op weidere Plattformen.
Méi zum Thema




