Wat bedeit d’Demissioun vum Corinne Cahen fir d’Stëmmung an der Koalitioun an an der DP? Wéi huet sech d’DP an de leschten zéng Joer ënnert dem Xavier Bettel verännert? An wat ass dem Premier säi Politikstil? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Mam Corinne Cahen huet fir d’siwente Kéier eng Ministesch oder ee Minister d’Regierung verlooss. Duerch déi verschidde Regierungsëmbildunge kann een elo och net méi vun der selwechter Regierung wéi 2013 schwätzen. Eng Konstant dobäi ass awer de Xavier Bettel. An deen huet säi Regierungsstil och senger Partei opgezwongen, seet de Christoph Bumb, Chefredakter vu Reporter.lu, am Podcast „On the Record“.

Am Walkampf géif et der DP manner ëm Inhalter, mee virun allem dorëms goen, ee gutt Gefill ze verbreeden. D’DP géif och ëmmer méi enger CSV gläichen, wéi si an der Regierung war. Si wär eng „Catch-all-Partei“ ginn, déi net méi onbedéngt déi klassesch liberal Wäerter verdeedegt. „Et muss een unerkennen, dass déi Strategie, natierlech gekoppelt mat engem extrem bekannte Spëtzekandidat a Premierminister, bis elo opgeet“, sou de Christoph Bumb.

Déi ganz Episod gëtt et hei ze lauschteren:

„On the Record“ ass de Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer d’Hannergrënn vun der politescher Aktualitéit. Dir fannt de REPORTER-Podcast och op Spotify, do och als Download fir offline ze lauschteren, bei Apple PodcastsGoogle Podcasts an op weidere Plattformen.


Méi zum Thema


 

Méi Podcasts